Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

İlham Əliyev

Vu Wikipedia
İlham Əliyev
Funktioun
4. President vum Aserbaidjan
31. Oktober 2003 -
VirgängerHeydar Aliyev
Biographie
Gebuer24. Dezember1961
Baku
NationalitéitAserbaidjan
GielercherGrand-croix de la Légion d'honneur, Dräi-Stären-Uerden 1. Klass, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen
Bestuet matMehriban Aliyeva (22.12.1983–)
PappHeidar Alijew
MammZarifa Aliyeva
KannerLeyla Aliyeva

Denİlham Heydər oğlu Əliyev (ochIlham Aliyev oderIlham Äliew), gebuer de24. Dezember1961 zuBaku,Aserbaidjanesch SSR) ass enaserbaidjaneschePolitiker an zanter 2003 President vum Aserbaidjan.

Den Əliyev huet zu Moskau tëscht 1977 bis 1985 Geschicht an International Relatioune studéiert. Vun 1991 bis 1994 war er Geschäftsmann zu Moskau anIstanbul.

Zanter dem Mee 1994 ass hien Éischte Vizepresident vun der Staatlecher Pëtrolsgesellschaft vun der Aserbaidjanescher Republik (SOCAR). Zanter 1995 ass e Member vum aserbaidjanesche Parlament. 1999 gouf e Stellvertriedende President an 2001 Éischte Stellvertriedende President vun der ParteiNeien Aserbaidjan.

De 4. August 2003 gouf hien zum Premierminister vum Aserbaidjan ernannt. Bei de Wale vum 15. Oktober 2003 gouf en, als Nofollger vu sengem PappHeydər Əliyev, mat 77% vun de Stëmmen zum President vum Aserbaidjan gewielt. D'OSZE an anerNROen hunn déi Wal als "net fair a fräi" deklaréiert. Deeselwechte Walausgank an déi selwecht Kommentare gouf et och de 15. Oktober 2008 (87% vun de Stëmmen) an den 9. Oktober 2013 (iwwer 72%, nach keng offiziell Verëffentlechung).

Den İlham Əliyev ass mat der Deputéiert anUNESCO-Sonner-AmbassadriceMehriban Arif qızı Əliyeva (* 1964 alsMehriban Arif qızı Paşayeva) bestuet. Si hunn dräi Kanner, dorënner d'Schrëftstellerin an AktivistinLeyla Əliyeva.

D'"Organized Crime and Corruption Reporting Project" (OCCRP) huet den İlham Əliyev Enn 2012 alskorruptste Mann vum Joer "ausgezeechent",[1][2] well him nogewise gouf, wéi seng Famill sou gutt wéi an alle lukrative Branchë vum Land Undeeler iwwerholl huet, vu Banken an Telefongesellschafte bis zu Mineral- a Bauindustrie. An den diplomateschen US-Depeschen, déi duerchWikiLeaks bekannt goufen, gëtt den Əliyev mat engem "Mafia Gangsterboss" verglach. Hie gëtt vu villen Analysten als Diktator bezeechent.[1][3][4] D'Aliev-Duechteren hunn Offshore-Konten a -Firmen op deBrittesche Joffereninselen.[5][6][7]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: İlham Əliyev – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 12OCCRP names Aliyev "Person of the Year". OCCRP. 31. Dezember 2012.
  2. Azerbaijani President Aliyev Named Corruption's 'Person Of The Year'.Radio Free Europe. 2. Januar 2013.
  3. Azerbaijani President's Daughters Tied To Fast-Rising Telecoms Firm.Radio Free Europe. 27. Juni 2011.
  4. AZERBAIJAN: President Aliyev compared unfavorably to hot-headed mobster in WikiLeaks cable.Los Angeles Times. 3. Dezember 2010.
  5. http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/steuerparadies-hollandes-wahlkampfmanager-investierte-in-steueroasen-1.1639789
  6. http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/laxe-gesetze-in-steueroasen-kriminelle-willkommen-1.1640081
  7. Offshore companies provide link between corporate mogul and Azerbaijan's president. icij.org, Center for Public Integrity
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=İlham_Əliyev&oldid=2655616
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp