De Pluto ass méi kleng wéi eisenÄerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. E brauch fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer.
Vu senger Entdeckung den18. Februar1930 bis zu senger Neidefinitioun de24. August2006 ass de Pluto vun derIAU vum néngten a leschte Planéit vun eisemSonnesystem zu engem Klengplanéit mat der Nummer 134340 zeréckklasséiert ginn. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vuPlutoiden aPlutinoe genannt.
Am Juli2015 ass d'RaumsondNew Horizons, no 10 Joer Rees, op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi MoundCharon geflunn. Nieft dem Charon sinn nach 4 aner Mounde bekannt ... > méi
… amEttelbrécker Stadhaus op Glasmolereien Zeenen aus der Geschicht vun der Stad ze gesi sinn, wéi d'Feierkatastroph vu 1778, d'Ernennug zu enger Stad 1907, oder déi éischt Opféierung vun der Lëtzebuerger NationalhymnOns Heemecht?