De Pluto ass méi kleng wéi eisenÄerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. E brauch fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer.
Vu senger Entdeckung den18. Februar1930 bis zu senger Neidefinitioun de24. August2006 ass de Pluto vun derIAU vum néngten a leschte Planéit vun eisemSonnesystem zu engem Klengplanéit mat der Nummer 134340 zeréckklasséiert ginn. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vuPlutoiden aPlutinoe genannt.
Am Juli2015 ass d'RaumsondNew Horizons, no 10 Joer Rees, op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi MoundCharon geflunn. Nieft dem Charon sinn nach 4 aner Mounde bekannt ... > méi
1942: Iwwer 13.000 Judde ginn zu Paräis vun der franséischer PoliceamVel d'hiv' zesummegedriwwen a vun do aus a Konzentratiouns- a Vernichtungslager deportéiert.Apollo 11
1973: D'Regierung ënnerschreift e Memorandum of Understanding mat der RWE Essen, fir de Bau vun engerAtomzentral zu Remerschen ze plangen an dann duerchzeféieren.
2005: De lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimatuer, Schlagertextschreiwer a SchauspillerCamille Felgen stierft.