Wëllkomm op derWikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et66.622 Artikelenan136 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosendennei Artikelen derbäi.


D'StadEsch-Uelzecht ass eng vun den100Gemengen zuLëtzebuerg aChef-lieu vumKanton mam selwechten Numm. Mat 37.455 Awunner (2023) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.
Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vumPays-Haut, demLoutrenger Plateau, um FlossUelzecht, op der grenz mat Frankräich. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun derMinett, an der domat verbonnener Entwécklung vun deMinièren, derEisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht.
D'Strukturkris am Stolsecteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn. Déi doduerch entstanen Industriebrooche ginn no an no nei bebaut: Opdär vu Belval goufen zanter 2004 ronderëm déierhalen Héichiewe nei administrativ, kulturell (Rockhal,Kino) an edukativ Gebaier (Uni Lëtzebuerg,Lycée Bel-Val) opgeriicht, sou wéi och Wunnengen, Büroen a Geschäfter. An den 2020er an 2030er Joren ass den Tour un de Brooche vun derRouder Lëns an derMetzeschmelz... > méi



Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik