Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op derWikipedia aLëtzebuerger Sprooch!

All Mount kommen Dosende vunneien Artikele bäi, ablécklech sinn et der65.061.

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen:Moien un eis nei Mataarbechter -Éischt Schrëtt -Lëtzebuergesch schreiwen?
Ablécklech WikiProjeten:Kënschtlerbiographien aLeit op Stroosseschëlter.

Artikel vun der Woch

D'Doudeg Fra ass eng Plaz amGréngewald, um ëstleche Wupp vun derGemeng Walfer. Se läit op enger Héicht vun zirka 407 m, ongeféier 750 m nordwestlech vumStafelter an 350 m. südëstlech vun deem Punkt wou denCR125 op denCR126 stéisst.

Den Urspronk vumLieu-dit ass net eendeiteg gekläert: Enger Theorie no kéint et sech ëm eng Kultplaz ausprehistorescher Zäit handelen, an der Géigend vu Quellen aPëtzer, laanscht eKiem, deen opvirkeltesch Urspréng zeréckgeet, a wou der Traditioun no Äscht geaffert goufen. D'Grouss Mamm, als Gëttin vun der Fruchtbarkeet, kéint alsDoudefra, d. h. als Wiechterin vun den Doudegen an hirem Schouss, do veréiert gi sinn.

Eng aner Deitung seet, datt mat derDoudeger Fra d'Elisabeth vu Görlitz gemengt wier. Si hat d'Herzogtum Lëtzebuerg1409 vun hirem Monnonk, demSigismund, alsPand kritt, huet dat awer, well se selwe verschëlt war, un dePhilippe II. vun der Bourgogne misse verkafen. Dëst wier 1441 am Gréngewald geschitt, woubäi d'Elisabeth nom Verkaf gesot soll hunn: "Lo sinn ech eng doudeg Fra" (am Sënn vunfir näischt méi ze gebrauchen) ... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn, datt…

  • … deBatman, anescht wéi aner Superhelden, keng iwwernatierlech Kräften huet?
  • … obwuel an derKoffergrouf vu Stolzebuerg an der Zäit alt bis zu 5000 Tonne Kofferäerz am Joer ofgebaut goufen, dës ni richteg rentabel war, an dofir ëmmer nees de Proprietär gewiesselt huet?
  • … d'Stroossbuerger Eeden déi eelst Charte ass, déi d'Trennung vum haitege frankophonen a germanophone Sproochraum bezeit?
  • … d'LokomotivCFL 5519 déi eenzeg Dampmaschinn vun denCFL ass, déi nach besteet?
Archiv

Op engem8. Mee

Net den Datum vun haut?Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen odermellt Iech un!
Méi iwwer: ... den8. Mee...soss en Dag2025
Archiv

Kierzlech Verstuerwen

Franciscus
Franciscus
Éischter am Joer -änneren

E Bléck op...

… d'Insel am Bleder Séi zuBled, aSlowenien.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun   Commons Commons – Medien   Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire   Wikibooks Wikibooks – Wierker   Wikiquote Wikiquote – Zitater   Wikiversity Wikiversity – Léierplattform   Wikisource Wikisource – Quellen   Wikinews Wikinews – Noriichten  Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank   Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide   MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software   Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Haaptsäit&oldid=2593214
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp