Hien ass deen éischte Lëtzebuerger Regisseur, deen och international Succès hat. Zanterhier huet hien eng Rëtsch Spillfilmer gedréint, wourënnerTroublemaker (1989),Le club des chômeurs (2003) aRusty Boys (2017) e grousse Succès haten. Bis zu sengem Doud huet de SchauspillerThierry van Werveke (1958-2009) a bal all dem Bausch senge fiktive Wierker matgespillt. Den Andy Bausch ass ausserdeem Auteur vun enger ganzer ReiDocumentairen zu Lëtzebuerger Themen, dorënner Portraite vu Museker an anekdotesch Erënnerungen u verschidde Perioden aus dem 20. Joerhonnert.
Doriwwer eraus huet hien an den 1990er Joren eng Rëtsch Episode vu Serien op der däitscher Tëlee gedréint...> méi
… deSchetzel e Klausener war, deen am 12. Joerhonnert bis zu sengem Doud 14 Joer laang an enger Klaus amGréngewald bei der Stad Lëtzebuerg gelieft huet?
1905: Ufank vun derÉischter Marokkokris wéi den däitsche KeeserWilhelm II. op Tanger aMarokko fiert, fir ze signaliséieren, hie wéilt vun elo un e Wuert do matzeschwätzen.
1927: De lëtzebuergesche Schauspiller an DichterJoseph Noerden gëtt gebuer.