D'Klouschter, dat am Ufank nach ganz aarm war, huet sech séier ermaach wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 déi zweetPriorin gouf. Duerch en ettlech Schenkungen vun de-Grofe vu Veianen, vu wou d'Yolanda hierkoum, a vu Lëtzebuerg, an deenen hirer Grofschaft d'Klouschter louch, huet deMariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet engBibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déigotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Si gouf 1296 geweit. Ënner demAltor vun dëser Kierch war och der Yolanda hiert Graf.
1314 huet déi nei Priorin Margréit vu Lëtzebuerg, Schwëster vum Lëtzebuerger Grof a KeeserHeinrich VII., d'Augustinerreegel opginn (déi zesoen d'Basis vun derDominikanerreegel ass) an d'Klouschter huet sech du just nach exklusiv a streng un d'Dominikanerreegel gehalen...
… zu Paräis, an der Zäit vumDirectoire, et Moud war, sech zu denIncroyables oder deMerveilleuses ze zielen?
… d'stenge Mauer ronderëm den Domän vumSchlass Kockelscheier vun engem eenzege Mann, engem gewësse Welter, bannent 15 Joer – vun 1880 bis 1895 – gebaut gouf?
… beimTour de France 2011 fir d'éischt Kéier an der Geschicht vumTour, net nëmmen zwéi Lëtzebuerger, ma och zwéi Bridder mat um Podium stoungen?