D'Klouschter, dat am Ufank nach ganz aarm war, huet sech séier ermaach wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 déi zweetPriorin gouf. Duerch en ettlech Schenkungen vun de-Grofe vu Veianen, vu wou d'Yolanda hierkoum, a vu Lëtzebuerg, an deenen hirer Grofschaft d'Klouschter louch, huet deMariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet engBibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déigotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Si gouf 1296 geweit. Ënner demAltor vun dëser Kierch war och der Yolanda hiert Graf.
1314 huet déi nei Priorin Margréit vu Lëtzebuerg, Schwëster vum Lëtzebuerger Grof a KeeserHeinrich VII., d'Augustinerreegel opginn (déi zesoen d'Basis vun derDominikanerreegel ass) an d'Klouschter huet sech du just nach exklusiv a streng un d'Dominikanerreegel gehalen...
… deSchetzel e Klausener war, deen am 12. Joerhonnert bis zu sengem Doud 14 Joer laang an enger Klaus amGréngewald bei der Stad Lëtzebuerg gelieft huet?